Generatioune vun den 80er an 90er Joren hunn Computeren, Internet, Handyen, Smartphonen a sozial Netzwierker zimlech spéit an eiser Jugend gesinn kommen. D’meescht vun eis waren iwwer 18, a mir hunn eis Kandheet a Jugend erlieft ouni des Kommunikatiounsmëttelen, déi haut integral Deel vun eisem Liewen sinn.
Dës Evolutioun huet eis erlaabt d’Freed ze spieren wann en ganz Deeg op der Strooss gespillt huet, an och dës modern Welt ze kennen, wéi mir et am Joer 2018 kennen. Mir hunn déi Fäegkeet dës zwou Epoken ze vergläichen. Eng Period wou en sech misst gesinn fir mat eneen ze schwätzen an des Period wou en vill duerch e Bildschierm schwätz.
An de leschte Wochen ass op Facebook eng nei Grupp zu Lëtzebuerg entstane: « Luxembourg in the 80’s & 90’s, eis Generatioun », wou vill Leit schonn Member sinn. (13.294 Memberen). Dat schéinst der Saach ass d’Simplicitéit mat deenen d’Fotoe vun der Zäit gedeelt, kommentéiert an appreciéiert ginn. Et geet an alle Richtungen, duerch d’Televisioun vun der Zäit, Platzen vun der Zäit an Lëtzebuerg déi net méi existéieren an souguer Klassefotoen, Momenter déi tëscht Frënn gedeelt ginn.
Et ass dee leschte Punkt deen mech am meeschten getraff huet. Fotoen vun onvergiessen Momenter, vu Leit, déi Deel vun eisem Liewen waren, eist Alldag a eise schéinen Erënnerungen. Dës Fotoen, wou et heiansdo net eis Virdeeler weisen :), gi publizéiert an dëser Grupp ouni ze zécken, bal souguer als Verflichtung. Dës Nostalgie dreift eis weider fir méi an eis Fotografien Archiven ze kucken an ze deelen. An dat fir just en Zweck: eis eng Freed ze maachen ouni Jugement. Ech hunn, fir den Moment, nach keen blöden Kommentar gesinn. Do ass Respekt fir jiddereen.
Dës Grupp representéiert d’Mentalitéit vun der Zäit, wou mer wäit ewech waren vun Uerteeler op Nationalitéiten oder Originnen. Am gréissten Deel, Kanner vun Immigranten zu Lëtzebuerg, waren mir all an deem selwechten Boot. Mir hunn all lëtzebuergesch an auslännesch Frënn mat deene mir onvergiesslech Momenter verbruecht hunn. Fotoen an dëser Grupp weisen wéi enk, vereent a gläich mir waren. Natierlech waren do och Konflikter, Mëssverständnes an et war net ëmmer alles roueg. An awer schéngt et harmlos gewiescht ze sinn wann mir des Period mat der aktueller vergläichen. Déi meescht vun eis sinn elo Lëtzebuerger an graad esou Stolz wei ir portugisesch, italienesch, spuenesch, belsch… Originnen
Ech sinn stolz Deel vun dëser Generatioun ze sinn. Sinn an engem multikulturell Ëmfeld gewuess, déi mir als Persoun vill matginn huet, an dat ass dat wichtegst. Jiddereen, deen Deel vun eisem Liewen war an dëse wonnerschéinen Joren, huet eis eppes matginn. Jidderee vun eis ass e bëssen eppes vun all deene Leit, mat deene mir eis Jugend verbruecht hunn. Jiddereen, op hir eegen Aart, huet e bësse vun sech ginn, an dat behale mir nach haut.
Dëse Grupp ass e richteg Heemwee op d’Periode an deem mir d’Chance haten opgewuess zu hunn.
Sorry, the comment form is closed at this time.